Covid-19


Léif Clièntele,
Léif Frënn,

Durch déi aktuell Kris am Zesummenhang mam Covid-19 Virus, déi eis momentan alleguerten beschäftegt, kéinten et zukënfteg Problemer betreffend der Disponibilitéit fir eenzel Artikeln gin.
Déi aktuell Situatioun huet bis ob Wéideres KEEN AFLOSS ob Produktioun an Logistik an mir garantéieren eis Servicer ganz ewéi gewinnt!
Mir informéieren eis regelméisseg bei denen betraffenen Instanzen an halen eis strikt un d’Recommandatiounen vun der Regierung.
Sollt et an dësem Zesummenhang nei Entwécklungen gin, esou informéieren mir Iech schnellstméiglech!

Mir wënschen Iech, Ärer Famill, an och deenen Leit déi bis elo schons betraff sin, dass Dir all bei gudder Gesondheet bleiwt, respektiv séier rem gesond gidd.

Matt ganz léiwen Gréiss
D’Équipe vun Bureautique Rosy Wagner-Brauckmann

UPDATE!!!
Am Kader vum #stayathome hun mir mat Effet immédiat en Deel vun ëisen Tätegkeeten an den Home office verluecht.
Mir bleiwen wéiderhin fir Iech per Email accessibel an traitéieren Är Ufroen wéiderhin ewéi gewinnt!

Bleiwt gesond!