fbpx

Bienenpatenschaft


Duerch d’Ennerstëtzung vum Projet „Rent a Bee“ setzt sech Bureautique Rosy Wagner-Brauckmann mat enger Beiepatenschaft aktiv vir de Schutz vu Wëll- an Hunnegbeien zu Lëtzebuerg an.

Imkerei als Hobby bedeit :
Déieren halen déi sech weder erzéien nach dresséieren loossen, déi no hirem eegenen natierlechem saisonalem Rhythmus liewen.
Déi als Superorganismus eng Faszinatioun ausüben a sech awer lenken loossen a vun deenen een kann esous vill léieren.
Eis Sicht op d’Natur, wat blitt, wou gëtt wéini geméit, wou ass e Weier als Waasserquel huet sech no 3 Joer Imkeren verschäerft.
Dobäi louch eis als Wënzer vun den Domaines Vinsmoselle schonn ëmmer eng enk Verbonnenheet zur Natur an Ëmwelt no, mee duerch d’Verantwortung vun deene klengen Insekten ass dëst nach gestiegen.

Ween as d’Miselerbei:
Miseler Bei besteet aus 3 Hobbyimker vu Stadbriedemes déi hiert neit Handwierk iwwert Lëtzebuerger Imker Associatioun geleiert hunn an sech ëmmer weider forméieren.
Haaptberufflech Bänker, Wënzer an Infirmière kommen 3 verschidden Perséinlechkeeten um Beiestand zesummen, déi d’Miseler Bei esou villfälteg mecht.
Nieft Fréijoers a Summerhunneg, stellen mir eege Wueskäerzen a verschidde Formen hier.
Vill weider Projeten an Iddiën, zur Sensibiliséierung an Erhalen vu eiser Natur an Ëmwelt si geplangt.

D’Geschicht dohannert:
2015 si mir éischter zoufälleg op op den interessanten Insekt gefall well mir vun Imkereicour’en gelies hun.
Aus firwëtz hu mer dese Cours zesumme gemat an dunn och decidéiert eis puer Beien unzeschaafen.
Gesot gemat hu mer dunn vun engem bekannten Imker 4 kleng jonk Völker kréit déi mir mat vill Passioun op de Wanter firbereed hunn.
2016 konnte mir dann dunn och eisen éischten Hunneg schleideren.
Et war net vill mee mir waren awer zimlech houfreg drop :).
Zesummen hu mer dunn och nach ee Cours fir d’correct Hunnegproduktioun absolvéiert fir dann och secher hei alles richteg ze maan…
D’Passioun ass bliwen an aus 4 Völker am Joer 2016 goufen et der 12 am Joer 2017, 21 am Joer 2018 an op Datum haut 32.
Mir sinn awer allgemeng un der Natur interesséiert a sou siche mer ëmmer erem vlott nei Projet’en wéi Coopératiounen oder eben de Projet Rent a Bee.

https://www.miselerbei.lu/miseler-bei